Sech selbstänneg maachen zu Lëtzebuerg ass net évident. Et ass e Land wou d'Traditioun éischter Richtung Staat resp. Gememge Platz zitt ewéi de Risiko huelen säin eegene Business ze grënnen. 

du hues froën a wënschs der hëllef an denger entreprise?

Da bass de hei richteg: Ech sinn d'Christine an ënnerstëtzen kleng Entreprisen hei zu Lëtzebuerg.

Waat maan ech genee?

Et gëtt “offiziell” Ennerstëzung fir nei Entreprisen hei zu Lëtzebuerg. Doranner besteet keen Zweifel. MEE oft ass dat ganz spezifesch fir wat hei als “start-up” verstane gëtt, d.h. alles wat mat Venture Captialism liéiert ass a Beraicher ewéi Fintech, Healthtech, Space an deemno wéi och Sustaniability a Social-entrepreneurship.

Alles wat net wierklech proper an déi Kategorien passt huet et méi schwéier. 

Am Idealfall hätt een trotzdem eng Platz wou ee berode géif ginn vu Leit déi selwer eng Entreprise vun NULL op opgebaut hunn a verstinn wat dat heescht vun der Administratioun hier awer och vum perséinlechen, emotionalen Effort hier.

A fir dat ze kënnen wier et am Beschten wann:

  • se selwer eng Entreprise vun NULL op opgebaut hätten mat der se all hier Rechnungen kéinte bezuelen
  • se géifen genau verstoen wat fir eng Achterbahn u Gefiller déi Reess matt sech brengt well si se selwer haten
  • se genau wëssen wat am Moment am Marketing Trend ass well se selwer nach um Marché actif schaffen an um Ball sinn
  • se och genau verstinn wat et heescht en ROI mat limitéirte Moyen'e ze maachen
  • se en Aan fir intressant Geleegenheeten am Business hunn déi Aneren net géif opfalen
  • se den Finanzielle, Équippen an Klient's Aspekt verstinn.

En plus, wann een sech wëll lokal op eppes konzentréieren ass et e MUSS ee conséiller ze hunn deen de marché wierklech versteet. 

Nët een deen ni do gewunnt huet.

An net esou guer een dee scho sait Jorën dohinner schaffe geet mee trotzdem déi kleng Differenzen net versteet.

Et ginn einfach Nuancen, dat sinn “Insider” Notiounen

De Problem zu Lëtzebuerg ass dass déi meeschte Programmer zwar gudd gemengt sinn, mee si gi geleed vu Leit di absolut keng Erfahrung als Entrepreneur hunn a just en Training doriwwer kruten. (Nee, Bicher liesen, Erfahrungsberichter an esouguer Investor sinn mëcht een net zu engem Entrepreneur).

Et ass wéi wann e Mann enger Fra wëll Erklären wat et heescht seng Reegel ze hunn oder e Kand ze kréien. Et geet net!

Dofir hunn ech décidéiert eng vu mengen offren spezifesch op Lëtzebuerg ze konzentréieren.

Ech hu selwer eng international Entreprise vu Lëtzebuerg aus opgebaut a verstinn all d'Froën, Frustratiounen an Herausfuederungen hei am Land.

Du kriss dofir:

  • Rotschléi déi net just aus der Théorie mer och aus der Praxis kommen 
  • Eng Persoun déi sech am Marketing esou wuel ewéi der Stratégie auskennt, an dat och erklären kann dass een et versteet
  • E Coach deen hëlleft wann mol eng Kéier Zweiflen opkommen
  • an en gros eng Persoun déi net op de Kapp gefall ass. Duerch de PhD deen ech am Moment maachen léieren ech ganz vill iwwer anstänneg, objectif Recherche.
Christine Hansen stairs is smiling

Dëse speziellen Package besteet aus eng Moien zesummen wou mer is alles zesummen ukucken mat engem Fokus op Lëtzebuerg a seng Klientèle.

Dësst ass zu Miersch bei mir doheem a kascht 1000€ HTVA.

Et ass net just en investment an d'entreprise an d'strategie. et ass en investment an Äert Selbstbewosstsinn, Sëcherheet an efficacitéit.